Den elSIC ass de Vertrieder vun all lëtzebuerger Student am Beräich vun der Kommunikatioun an aneren, ähnlechen Domainer, esou wéi Marketing, Design an Informatioun. Eist Zil ass et, een Netzwierk zwësche Studenten, Ancienen a berufflech aktiven Leit an deene Beräicher opzebauen. Dës Plattform erméiglecht hinnen nët nëmmen en ErfahrungsAustausch, mee och zukünfteg Relatiounen ze knäppen. Och Lycéesschüler fanne mat eisem Cercle eng wichteg Informatiounsquell iwwert d’Studierichtungen, déi mir vertrieden, wat hinnen erméiglecht, e bessere Choix ze maachen. All Infoen iwwer den elSIC fënns du hei. Kuck och bis laanscht an eiser neier Brochure! :)
Den elSIC ass ee Projet, deen am Joer 2015 duerch d'Initiative vun enger Hand voll motivéierter Kommunikatiounsstudenten an d'Liewe geruff…
Den Elsic well, als aller éischt, Studenten aus dem Beräich vun de Sciences de l’Information et de la Communication (SIC),…
All Student am Beräich vun de Sciences de l’Information et de la Communication (SIC), mee och aus aneren Domainer, déi…
Du hues eng Fro, brauchs eng Info, oder wëlls einfach direkt Member vun eisem Cercle ginn? Kontaktéier eis einfach iwwer dëse Formulaire.
Mat 17 Joer huet hat während engem Mount en Film-Workshop an der „Prague Film School“ gemaach, wouduech hat sech dunn méi fir de Beräich Medien interesséiert huet. Nieft den Coursen konnt hat do och säin eegen 8 Minuten Film dréien. Säit 2014 huet hat elo den Bachelor vun „Communication appliquée“ op der Héichschoul IHECS zu Bréissel ugefangen. Dës Schoul bidd him d’Méiglechkeet weider Erfahrungen am Beräich Grafik, Radio an och Film ze sammelen. Auβerdem huet hat och schon e Stage bei Samsa Film Sàrl gemaach. Hat war dee Moment Member vun der Regie-crew beim Dréi vum Film „Melody“ vum Bernard Bellefroid.
No der Première, ass d’Nora ob Bréissel gaang fir Kommunikatioun ob der IHECS ze studéieren. Hatt muss zouginn dat hatt am Ufank keng genau Virstellung hat wat hatt géif erwaarden mee et huet him zimlech séier gutt gefall an et huet sech no kuerzer Zäit erausgestallt dat et awer déi richteg Entscheedung war. Hatt ass am Moment am 2. Joer Bachelor « Information et Communication » an nach net ganz decidéiert wéieen Master drugehaangen gëtt. En Studentenjob an deem Beräich hat hatt bis elo bei Sales-Lentz. Seit 2016 Joer ass hatt beim eLSIC mat dobäi.
Also ech gehéieren zu deene Leit di net wësse wou studéieren: ech hunn ee Joer zu Montpellier studéiert, ee Joer zu Bréissel an am Moment maachen ech mäin Auslandssemester zu Mexiko. U sech studéieren ech Communication – Relations publiques, mee zu Mexiko hunn ech haaptsächlech Fotoskueren. Fotojournalismus gehéiert neierdéngs zu mengen Hobbyen. No mengem Auslandssemester wäert ech mech ëm d’Events vum ELSIC bekëmmeren. Och wann ech nach net sou vill Erfahrung an dem Beräich hunn, freeën ech mech iwwert dee Challenge.
Beschreiwung kënnt demnächst.
Ugefang mat engem Studium fir Schoulmeeschter, huet de Luc säi Studium no engem Joer gewiesselt. Am 3. Joer fir de Studium „Kommunikationswissenschaft und Medienforschung“ steet elo Bachelorarbescht um Programm. Duerch verschidde Studentenjobs, ënnert anerem beim Createam vum Cactus a bei Enovos, konnt de Luc schonns eng Rei Erfahrunge sammelen. Zu senge weideren Intresse gehéiere Sport, Sozial Medien, Marketing a Filmer. Ausserdeem ass hie säit 3 Joer am Comité vum Studentencercle zu Fribourg aktiv, am Moment als Kommunikatiounsmanager.

"When the circus comes to town they have a parade down main street. That's publicity! Behind the elephants are the guys with the brooms and barrels. That's public relations! - Dan Acree
Als dräi nei Comitésmemberen vum eLSIC ; Isabelle, Nora an Carmen, stellen mir iech d’Liewen zu Bréissel an eis Schoul d’IHECS fir. Bréissel ass eng beléiften lëtzebuerger Studentestad déi divers Méiglechkeeten an allen Beräicher bidd. Di kulturell Scene bidd Konschtausstellungen z.b. am Bozar, Open-Air Concerten am Summer, divers kleng Mäert an awer och vill Partyméiglechkeeten. Erausgoen kann een bal all Dag an der Woch, sief et am Centre oder am Studentenvéirel zu Ixelles, wou d’Cerclen den Toun uginn. Iwwerall ginn et kleng Caféen, Bars an awer och grouss Clubs. Bréissel schléift ni. Aussergewéinlech sinn hei d’Cerclen, hir Studentenpartyen (TD’en) an d’Daf.…
Nom grousse Succès vum leschte Joer, huet Maison Moderne an RTL sech och dëst Joer erem zesumme gedoen vir déi bescht Publicitéiten vun 2015 ze éieren. D’Media Awards sinn an d’Liewe geruff ginn vir d’Beméiungen vun de Kommunikatiouns- a Publicitéitsagencen an de Kategorien: TV/Kino, Radio, Internet, Presse, Presse B2B a Cross-Media ze belounen. Grousse Gewënner vum Owend war d’Agence Nvision. Mat hierer Reklamm „The Legend“ vir Sources Rosport huet Nvision net manner wéi 3 Goldmedaillen (TV/Kino, Radio, Cross-Media) an 2 Publikumspräisser ofgeraumt (TV/Kino, Radio). D’Lëscht mat de Gewënner vun de Media Awards 2016 fann der um offiziellen Internetsite vum Event:…