De ComClub ass duerch d’Anciene vum ELSIC entstanen an ass eng Associatioun fir all anciens Studenten aus der Kommunikatioun, Journalismus, Marketing, Grafikdesign, PR, etc. Si sinn dofir do, den ELSIC ze ënnerstëtzen a reegelméisseg kleng Events z’organiséiere wou een Erfarungen aus der professioneller Welt kann austauschen.

‚A 500 Wierder‘ ass ee Blog vun der Associatioun NARIN, op deem all Woch een aktuellt politescht Thema erkläert gëtt. D’Zil ass et Jugendlecher fir Politik ze interesséieren, an deem komplizéiert Themen kuerz a knapp op lëtzebuergesch verfaasst ginn.

Mir collaboréieren an dësem Projet mat NARIN, eng Associatioun déi sech fir Gläichberechtegung asetzt a versicht jidderengem säi Recht op gläich Méiglechkeeten ze fërderen an ze sécheren. Mir ginn eise Memberen d’Méiglechkeet Artikelen fir dëse Blog ze verfaassen. Ausserdeem gëtt all Mount zwee Artikelen amLëtzebuerger Journal verëffentlecht.