ELSIC steet fir “Étudiants Luxembourgeois en Sciences de l’Information et de la Communication”.

De Cercle ass am Joer 2015 duerch d’Initiative vu motivéierte Kommunikatiounsstudenten an d’Liewe geruff ginn a vertrëtt all d’Lëtzebuerger Studenten am Beräich vun der Kommunikatioun: Journalismus, Kommunikatiounsdesign, Relations Publiques, Marketing asw.

D’Sciences de l’Information et de la Communication sinn nach eng zimlech jonk Studierichtung, dei sech eréicht Ufanks vum 20te Joerhonnert an den USA entwéckelt huet. Duerch déi nei Technologien huet d’Kommuikatioun sech awer rasant zu engem vun de wichtegsten Beräicher vun all Firma entwéckelt an eng grouss Unzuel u Leit sinn säit den 80er Joeren an dësem Beräich agestallt ginn. Dëst huet natierlech dozou gefouert, dass ëmmer méi Studenten sech fir dëss Studierichtung entscheed hunn.

Dem Cercle säin Zil ass et een Netzwierk tëscht Studenten, Ancienen a berufflech aktive Leit aus deene Beräicher opzebauen. Den ELSIC erméiglecht de Studenten en Erfahrungsaustausch, mee och zukünfteg Relatiounen opzebauen. Dëst gëtt de Memberen d’Méiglechkeet och fir spéider potenziell Beruffspartner kennenzeléieren, a Kontakter ze knäppen, déi nëmme vu Virdeel kënne sinn. Och Lycéesschüler fanne mat eisem Cercle eng wichteg Informatiounsquell iwwert d’Studiërichtungen déi mir vertrieden. Mir organiséieren iwwert d’Joer och verschidden Aktivitéite fir sech kennen ze léieren, ze informéieren an och e bëssen ze feieren.