D’Sciences de l’Information et de la Communication (SIC) sinn eng Discipline, déi nach ëmmer op der Sich no hirer genauer Definitioun ass, well se sech stänneg weiderentwéckelt. Ausserdeem ass Kommunikatioun ee ganz villfältege Beräich, mat enger grousser Unzuel u Beruffer. Bei all de Beruffer aus der Branche ass d’Haaptaufgab eng Verbindung tëschent zwou Entitéiten hierzestellen an sou Informatiounen ze iwwerdroen. Bei deenen Entitéite kann et sech souwuel ëm Entreprisen, Organisatiounen, Associatiounen, Institutiounen oder ganz einfach dem Public handelen.Kommunikatioun ass eng wichteg Disziplin déi ëmmer méi gebraucht gëtt. An eiser aktueller Gesellschaft ginn di meescht Problemer nämlech am Liicht vun der Kommunikatioun analyséiert. Mir hunn laang ënnert eis diskutéiert fir eng universell Erklärung fir Kommunikatioun ze fannen, déi kee Beräich ausschléisst, well Kommunikatioun an all Beräich eng aner Bedeitung huet. An eisen Aen ass et dofir am einfachsten déi verschidde Sparten eenzel ze erklären.

⇒ Wéi eng Sparten ginn et?

Fir d’SIC besser erklären ze kënnen, hunn mir als Kommunikatiounsstudenten, d’Fach an e puer global Sparten opgedeelt. Des Opdeelung ass eng perséinlech Opfaassung an kenges Falls definitiv. Ausserdeem kënnen dës Sparten och nach Ënnerkategorien hunn, op déi mir awer elo net weider wäerten agoen.

 

De Studiëgang variéiert vu Schoul zu Schoul. Oft huet een op enger Uni méi theoretesch Fächer, während een op enger Héichschoul méi praktesch orientéiert schafft. Am allgemengen ass et awer esou dat een am Bachelor eng breet gefächert Allgemengbildung vun deene verschiddene Beräicher kritt an eréischt am Master seng Spezialisatioun wielt.

Et gi verschidde Kompetenzen, déi fir de Beräich vun der Kommunikatioun wichteg sinn. Dëst heescht awer op kee Fall, dass een déi all vun Ufank un beherrsche muss, wann een sech fir d’Disziplin interesséiert. Et sollen haaptsächlech Richtlinnen duerstellen, déi fir d’Kommunikatioun wäertvoll sinn, mee déi een sech während dem Studium uneegne kann.

  1. Medien: Web, Video, Radio, Presse, Social Media, Grafik, Photographie…
  2. Kreativitéit
  3. Sproochen (Schwätzen a Schreiwen)
  4. sech gutt presentéiere kënnen
  5. Initiativ weisen
  6. Teamwork