De Studiëgang variéiert vu Schoul zu Schoul. Oft huet een op enger Uni méi theoretesch Fächer, während een op enger Héichschoul méi praktesch orientéiert schafft. Am allgemengen ass et awer esou dat een am Bachelor eng breet gefächert Allgemengbildung vun deene verschiddene Beräicher kritt an eréischt am Master seng Spezialisatioun wielt.

Et gi verschidde Kompetenzen, déi fir de Beräich vun der Kommunikatioun wichteg sinn. Dëst heescht awer op kee Fall, dass een déi all vun Ufank un beherrsche muss, wann een sech fir d’Disziplin interesséiert. Et sollen haaptsächlech Richtlinnen duerstellen, déi fir d’Kommunikatioun wäertvoll sinn, mee déi een sech während dem Studium uneegne kann.

  1. Medien: Web, Video, Radio, Presse, Social Media, Grafik, Photographie…
  2. Kreativitéit
  3. Sproochen (Schwätzen a Schreiwen)
  4. sech gutt presentéiere kënnen
  5. Initiativ weisen
  6. Teamwork

PUBLIC RELATIONS  Fir kennen erfollegräich ze sinn muss eng Organisatioun, ob grouss oder kleng, sech no baussen hin representéiere kënnen. Bei dësen Organisatiounen kann et sech entweder em Firmen, politesch Institutiounen, Associatiounen asw. handelen. D’Public Relations (PR) erlaben et ënner anerem den Image oprecht ze erhalen; eng gutt Relatioun an ë géigesäitege Verstees-de-mech tëscht der Organisatioun an de verschiddene Stakeholders (all d’Acteuren déi vun den Handlungen vun enger Organisatioun betraff sinn) opzebauen.

D’Haaptzil vun dëser Discipline ass et d’Sympathie vun de Stakeholders ze gewannen oder oprecht ze erhalen. D’Haaptaufgabe vun de PR Spezialisten sinn ënner anerem Pressecommuniquéë schreiwen, Pressekonferenzen ze halen, Mediecampagnen ze organiséieren a komplett Kommunikatiounsstrategien ze developpéieren.

Et geet an de Public Relations awer net nëmmen dorëms sech ëm d’extern Kommunikatioun ze këmmeren, mee och ëm d’intern Kommunikatioun, also innerhalb vun enger Organisatioun. Dobäi geet et drëm den Austausch tëscht der Direktioun, deene verschiddenen Departementer an de Mataarbechter ze regelen.

JOURNALISMUS beschäftegt sech mat der Verëffentlechung vu Wierder an Biller.  D’Haaptzil ass et d’Ëffentlechkeet ze informéieren an op verschidden Themen opmierksam ze maachen. Als Journalist kann ee bei Zeitungen, Zäitschrëften, Magasénger, esou ewéi bei Redaktiounen vum Fernseh a vum Radio, bei Onlineredaktiounen oder als Fräiberuffler schaffen. Et kann een sech och op een Domaine spezialiséieren, an sech op Themen-bedéngten Artikelen konzentréieren.

Journalisten spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft, well se Informatioune verbreeden an op kritesch Themen opmierksam maachen. Se mussen d’Realitéit verstoen, virwëtzeg sinn an alles a Fro stelle kënnen. Se sollen och gäre schreiwen an sech matdeele wëllen. De Journalist soll an deene meeschte Fäll objektiv iwwer Fakten beriichten, kann awer och seng subjektiv Meenung mat abannen. Et muss een och erwähnen dat de Journalist d’Zil huet, vun esou ville Leit ewéi méiglech, gelies ze ginn, a seng Lieser fir seng Aarbecht ze begeeschteren.

PUBLICITÉIT A MARKETING  bezeechnen d’Kommunikatioun ronderëm Produiten oder Servicer.

Beim Marketing geet et dorëms de Marché ze analyséieren, d’Besoinen an d’Wënsch vum Client ze ermëttelen fir him optimal Proposen ze maachen, an esou den Entreprisen ze erméiglechen méi performant ze ginn.

An der Publicitéit këmmert een sech dorëms dat de Public iwwer de Produit oder Service informéiert gëtt. Et gëtt eng ganz Campagne entwéckelt an där d’Strategie, déi verschidde Werbesupporten an Aktiounen, am Detail festgeluecht ginn. Fir d’Gestaltung si kreativ Fähegkeete gefrot. Publicitéit kann an deem Sënn vill verschidde Formen unhuelen: vu Plakater iwwer Gadgeten, Stänn, Online-Annoncen, Internetsäite bis hin zu Videoen, fir esou vill Visibilitéit ewéi méiglech ze kréien.

Publicitéit a Marketing sinn net nëmmen dofir do, fir de Leit ee Produit oder Service méi no ze bréngen, mee et ginn och aner Aspekter vun der Publicitéit.  Enner anerem Publicitéit fir e gudden Zweck (z.B. WWF oder Greenpeace) oder Sensibiliséierungscampagnen déi sech em d’Wuel vun de Leit suergen (z.B. géint den Alkohol um Steier).

KOMMUNIKATIOUNSDESIGN kombinéiert d’Entwécklung vun enger Kommunikatiounsstrategie an engem dorobber ofgestëmmten Design. Heibäi schafft ee mat deenen ënnerschiddlechste Medien: Print, Web, Video, asw. D’Zil ass et iwwert des Plattformen e bestëmmte Message op eng kreativ an einfach Aart a Weis ze vermëttelen. Am Kommunikatiounsdesign geet et drëms ee Konzept, eng Iddi oder ee Message visuell esou duerzestellen dat en fir jiddereen einfach ze verstoen ass. Dobäi komme villfälteg kënschtleresch Materialien an techneschen Knowhow zum Asaz.

Kommunikatiounsdesign ass ee praktesch orientéierte Studiëgang, deen ee souwuel ob Universitéiten a Fachhéichschoulen, ewéi och ob Konschthéichschoulen absolvéieren kann. Et setzt een sech intensiv mat Graphikdesign, Mediendesign a Gestaltung auserneen.

EVENTMANAGEMENT  Als Eventmanager ass ee fir d’Organisatioun, d’Duerchféierung an déi komplett Verwierklechung vun Evenementer zoustänneg. Dat geet vu Firmen-Meetings, Konferenzen, Partyen oder Hochzäite bis hin zu méi groussen Evenementer ewéi Sport- oder Kulturveranstaltungen, Foiren, Concerten oder souguer Festivallen.

Fir esou een Evenement ze organiséiere muss een als éischt d’Besoinen vun der Firma identifizéieren a verstoen, fir hinnen eng Propose ze maachen déi hire Virstellungen an och hire Mëttelen entsprëcht. Vill Firmen, Organisatiounen an Interessegruppen wëllen een Evenement organiséiert kréie fir sech ze vermaarten, fir Business-Relatiounen opzebauen oder fir hiren Erfolleg ze feieren. Zu der Organisatioun gehéiere wichteg Aspekter ewéi de Budget, d’Plangen, d’Locatioun, den Transport, d’Invitéen, d’Dekoratioun, de Catering an d’Sécherheet. Kommunikatioun ass also och an dësem Beruffsfeld immens wichteg, fir dass alles vum Konzept bis zur Ausféierung glat leeft.